Grënnung vum Nationale Büro fir Opnam (ONA) a vum Departement fir Integratioun

D'Gesetz vum 4. Dezember 2019 iwwert d'Grënnung vum Nationale Büro fir Opnam ("Office national de l'accueil", ONA) stellt d'Zoustännegkeet fir d'Opnam vun DPIen (Demandeure fir internationale Schutz) ënnert d'Kompetenz vum Minister Jean Asselborn, dem Minister fir Immigratioun an Asyl.

Mam Akraafttriede vum Gesetz den 1. Januar 2020 huet den ONA den OLAI (Lëtzebuerger Office fir Opnam an Integratioun) ersat an ass elo dem Generalsekretariat vum Aussen- an Europaministère ënnerstallt.

Des Ännerung ass am Koalitiounsaccord 2018-2023 esou virgesinn: "Fir eng wierdeg Opnam sollen d'DPIen (Demandeure fir internationale Schutz) sech wärend der ganzer Behandlungszäit vun den Demanden fir internationale Schutz an och fir all d'Aspekter vun der Opnam, wéi d'Ënnerkonft an d'materiell Konditiounen, un een eenzege Kontakt wenne kënnen, d.h. de Ministère, deen Immigratioun a sengen Attributiounen huet."

Am Koalitiounsaccord gëtt ausserdeem bestätegt, dass d'Integratioun en zentraalt Thema vun der Regierungsaktivitéit duerstellt. Dozou gouf en Departement fir Integratioun am Ministère fir Famill, Integratioun an d'Groussregioun ënnert der Autoritéit vun der Ministesch Corinne Cahen gegrënnt, mat dem Zil, d'Zesummeliewen am Groussherzogtum Lëtzebuerg ze fërderen an sech nach besser op dëst Zesummeliewen an d'Integratioun vun alle Matbierger ze konzentréieren.

 

Communiqué vum Aussen- an Europaministère, vum Ministère fir Famill, Integratioun an d'Groussregioun a vum Nationale Büro fir Opnam (ONA)

Aktualiséiert