Nationale Büro fir Opnam // D’Lëtzebuerger Regierung
Attributiounen
De Nationale Büro fir Opnam (“Office national de l’accueil”, ONA) ass eng Verwaltung, déi ënnert der Autoritéit vum Minister steet, deen Asyl a sengen Attributiounen huet. En ass zoustänneg fir d'Organisatioun vun der Opnam vun DPIen (Demandeure fir internationale Schutz) a fir d’Schafen an d’Verwaltung vun Ënnerkonftsstrukturë fir DPIen a fir Persoune mat Usproch op subsidiäre Schutz.
AMIF: Appel à projets 2020
De Nationale Büro fir Opnam (ONA) an den Département de l'intégration vum Ministère de la Famille, de l'Intégration et à la Grande Région lancéieren en Appel à projets am Kader vum europäeschen Asyl-, Migratiouns- an Integratiounsfong (AMIF).
Noriichten
-
Grënnung vum Nationale Büro fir Opnam (ONA) a vum Departement fir Integratioun
D'Gesetz vum 4. Dezember 2019 iwwert d'Grënnung vum Nationale Büro fir Opnam ("Office national de l'accueil", ONA) stellt d'Zoustännegkeet fir d'Opnam vun DPIen (Demandeure fir internationale Schutz) ënnert d'Kompetenz vum Minister Jean Asselborn, dem Minister fir Immigratioun an Asyl.