Rechtlech Aspekter

 

Allgemeng Notzkonditiounen (CGU) fir de Site

Jiddwereen, deen Informatiounen, Dokumenter, Produkter, Software a verschidde Servicer (zesummen d’„Servicer“ genannt) benotzt, déi op dësem Site sinn, huet d’Gesamtheet vun de Begrëffer an den Hiweiser vun dësen allgemengen Notzkonditiounen zur Kenntnis geholl an akzeptéiert se.

Mat „Organ“ gëtt déi ëffentlech Autoritéit, de Ministère, d’Administratioun oder all anert ëffentlecht Organ bezeechent, dat eleng oder zesumme mat anere fir dëse Site zoustänneg ass.

Dem User seng Flichten

Den Zougang zum Site kritt een iwwer Internet. De User deklaréiert, datt hien d’Risiken heivu kennt an akzeptéiert. Hie muss sech virun den Auswierkunge vun der Softwarepiraterie schützen, andeem e fir eng ugepassten a sécher informatesch Konfiguratioun suergt.

De Lëtzebuerger Staat kann net responsabel gemaach gi fir e Schued, deen de User op dësem Site kéint kréien, sief dat direkt oder indirekt a Verbindung mat sengem Surfen um Site a mam Benotze vun de Servicer, an a Verbindung mat den Internetsitten, op déi um Site verwise gëtt.

D’Benotze vum Site ass gratis.

Gestioun vun de Cookien

Dëse Site benotzt Clientscookien, kleng Textfichieren, déi et erlaben, Informatiounen iwwer dem Benotzer säi Surfen um Site ze analyséieren (Heefegkeet vun de Visitten, Dauer vun de Visitten, ofgeruffe Säiten asw.).

Si gi vum Site an engem Repertoire ofgeluecht, deen et zu dësem Zweck um Benotzer sengem Computer gëtt. Doran opgelëscht si virun allem den Numm vum Server, deen e geschriwwen huet, en Identifiant a Form vun enger eemoleger Nummer an en Oflafdatum. Den eemolegen Identifiant erlaabt et dem Site, de Computer vum Benotzer bei all Visite erëmzeerkennen. D’Cookië vun enger Sessioun gi vum Benotzer sengem Computer geläscht, esoubal dës Sessioun eriwwer ass. Allerdéngs bleiwen déi persistent Cookien nach 1 Mount nom Enn vun der Sessioun um Benotzer sengem Computer erhalen.

De Benotzer ka selwer decidéieren, ob en dem Server vun dësem Site d’Erlabnes gëtt, fir Cookien op sengem Computer ze späicheren oder net. Hien huet zu all Moment d’Wiel, fir d’Optiounen a sengem Browser esou anzestellen, datt d’Cookië weeder akzeptéiert nach gespäichert ginn. Ausserdeem kann en zu all Moment Cookien, déi scho gespäichert sinn, iwwer de Browser läschen.

D’Benotze vu verschiddene Funktionalitéite vum Site kann ageschränkt oder desaktivéiert ginn, wann de Benotzer d’Cookië vum Site refuséiert. Dem Benotzer gëtt dofir geroden, säi Browser esou anzestellen, datt d’Cookië vum Site akzeptéiert ginn.

Ännerung vum Site

De Lëtzebuerger Staat behält sech d’Fräiheet vir, dëse Site weiderzeentwéckelen, ze änneren oder ze spären, ouni et am Viraus unzekënnegen, dëst aus Grënn ewéi Maintenance, Update oder wéinst all anerem Motiv, dat als néideg ugesi gëtt.

De Lëtzebuerger Staat kann zu all Moment all Informatiounen a Servicer, déi um Site gewisen an ugebuede ginn, oder en Deel dovun, zeréckzéien, bäisetzen, vervollstännegen oder méi prezis duerstellen. De Lëtzebuerger Staat ka fir keen direkten oder indirekte Schued am Zesummenhang mat esou Ännerunge verantwortlech gemaach ginn.

Allgemeng Verantwortungsaschränkungen

De Lëtzebuerger Staat mécht säi Bescht, fir eng gréisstméiglech Verfügbarkeet vun dësem Site oprechtzeerhalen.

De Lëtzebuerger Staat suergt fir déi beschtméiglech Sécherheet vum informatesche System.

Allerdéngs kéint de Staat am Fall vun Attacken op den informatesche System oder am Fall vun zäitweilegem oder ganzem Ausfall vum Site net verantwortlech gemaach ginn.

De Lëtzebuerger Staat suergt dofir, datt d’Informatiounen op dësem Site an d’Informatiounen, déi an de sozialen Netzwierker verëffentlecht ginn, esou exakt ewéi méiglech sinn. Am Fall, wou en Update vun enger Informatioun oder engem Formulaire net gemaach gouf, an am Fall, wou et Feeler am Ëmgang mam System oder mat der Verschlësselung, Ongenauegkeeten oder Lücken an de gewisenen Informatiounen oder eventuell Iertemer gëtt, kéint de Staat awer net verantwortlech gemaach ginn. Effektiv ass d’Zil, fir richteg an aktuell Informatiounen aus verschiddene Quellen ze diffuséieren, mee de Lëtzebuerger Staat kéint awer net all Risiko fir en inhaltleche Feeler vermeiden. Keng vun den Informatiounen, déi op dësem Site verëffentlecht ginn, gëtt sech den Usproch, vollstänneg ze sinn, oder fält ënner d’Verflichtung vum Lëtzebuerger Staat. D’Verbreedung an d’Iwwersetzungen dovu gi just fir Informatiounszwecker gemaach. Verbindlech si just d’Gesetzestexter, déi am Memorial (Journal Officiel du Grand-Duché de Luxembourg) verëffentlecht ginn. D’Informatiounen op dësem Site hunn en allgemenge Charakter. D’Informatioune si kenge perséinlechen oder spezifeschen Ëmstänn ugepasst a kënnen deemno net als perséinlech, berufflech oder juristesch Rotschléi fir de Benotzer ugesi ginn. Wann de Benotzer perséinlech oder spezifesch Rotschléi brauch, muss en ëmmer déi kompetent Servicer vun de verschiddenen Administratiounen zu Rot zéien.

Verantwortungsaschränkung vum Site

Dëse Site ass ausdrécklech net verantwortlech fir all direkt an indirekt Konsequenzen ewéi:

  • e Kompatibilitéitsfeeler tëschent dem offréierte Service an den Ekipementer, den Applikatiounen, de Prozeduren oder Infrastrukture vum User oder vun Drëttpersounen;
  • eng Sécherheetsschwaachstell, déi vum User oder enger Drëttpersoun kënnt an, méi allgemeng, all Sécherheetsschwaachstell, déi net direkt dësem Site kann zougeschriwwe ginn;
  • Konsequenze vu Feeler an/oder Bedruch, begaange vum User oder enger Drëttpersoun;
  • en eventuelle Mangel u Verfügbarkeet oder e schlecht Fonctionnement vun de Systemer oder vun den elektronesche Kommunikatiounsnetzwierker.

Linken op extern Sitten

Am Sënn vun de Usere sinn op dësem Site Linken op aner Sitten ze fannen, déi nëtzlech kéinte fir se sinn oder se kéinten interesséieren. De Lëtzebuerger Staat a besonnesch dat zoustännegt Organ kontrolléieren net systematesch den Inhalt vun dëse Sitten. Deemno kéinten se net responsabel fir d’Inhalter vun dësen Internetsitte gemaach ginn, sief et um Niveau vun hirer Legalitéit oder der Genauegkeet vun den Informatiounen, déi een do fënnt.

Intellektuelle Besëtz

De Site, all seng Elementer (dorënner och de Layout) an och d’Informatiounen an d’Servicer sinn duerch d’Gesetzer iwwer den intellektuelle Besëtz an iwwer d’Auteursrechter geschützt.

Wann net anescht festgehal, bewëllegt de Lëtzebuerger Staat keng Lizenz oder Geneemegung fir d’Rechter vum intellektuelle Besëtz, déi hie fir dëse Site, seng Elementer oder d’Servicer huet. Zousätzlech gëtt et, ouni déi schrëftlech Erlabnes vum zoustännegen Organ, keng Geneemegung, fir Informatiounen oder Servicer, ganz oder deelweis, ënner wat fir enger Form an op wat fir eng Manéier och ëmmer, ze reproduzéieren.

Wann net anescht festgehal, däerf de User d’Dokumenter an déi verfügbar Informatiounen zu de folgende Konditioune kucken, eroflueden a printen:

  • D’Dokumenter däerfen nëmme fir de perséinleche Gebrauch, zur Informatioun an an engem reng private Kader benotzt ginn.
  • D’Dokumenter an d’Informatiounen däerfen op keng denkbar Manéier verännert ginn.
  • D’Dokumenter an d’Informatiounen däerfen net ausserhalb vum Site verbreet ginn.

Déi grad beschriwwe Rechter, déi Dir implizitt oder explizitt kritt, gëllen am Kader vun enger Notzerlabnes a sinn op kee Fall eng Iwwerdroung vu Rechter, vu Besëtz oder Änlechem op dësem Site.

Ännerung vun den Allgemenge Notzkonditiounen

Déi gülteg allgemeng Notzkonditioune kënnen zu all Moment an ouni Ukënnegung geännert oder vervollstännegt ginn, ofhängeg vun den Ännerungen, déi um Site gemaach ginn, vun der Entwécklung vun der Legislatioun oder aus all anerem Grond, deen als néideg ugesi gëtt. Et ass um User, fir sech iwwer déi allgemeng Notzkonditioune vum Site ze informéieren an hie soll sech bewosst sinn, datt just déi aktualiséiert Online-Versioun rechtsgülteg ass. Et ka sinn, datt tëschent 2 Visitten um Site déi besonnesch allgemeng Notzkonditioune geännert hunn an et ass dann um User, fir déi lescht Ännerungen zur Kenntnis ze huelen, éier en de Site benotzt.

Gesetzer, déi unzewende sinn, a kompetent Geriichter

All Rechtssträit, dee mam Benotze vum Site a senge Servicer zesummenhänkt, ënnerläit der Lëtzebuerger Gesetzgeebung a fält ënner déi exklusiv Kompetenz vun de Lëtzebuerger Geriichter.

Schutz vun de perséinlechen Donnéeën

Allgemenges

Déi perséinlech Donnéeën, déi de User matdeelt, gi konform zum Reglement (EU) 2016/679 vum europäesche Parlament a vum Conseil vum 27. Abrëll 2016 iwwer de Schutz vu physesche Persounen am Kontext vun der Veraarbechtung vu perséinlechen Donnéeën an der fräier Zirkulatioun vun dësen Donnéeë verschafft.

Well de Lëtzebuerger Staat ausser den IP-Adressen aus de Server-Loggen, aus Sécherheetsgrënn, keng perséinlech Donnéeë sammelt, brauch de User seng Zoustëmmung net ze ginn, éier en op dëse Site geet.

De Responsabele fir dëst Verschaffen ass d’Organ, dat fir de Site zoustänneg ass.

De User ka Reklamatiounen, déi mam Dateschutz zesummenhänken an hie betreffen, iwwer déi respektiv Kommunikatiounskanäl schécken, déi zur Verfügung stinn, an un de Responsabelen, deen an dësem Fall d’Organ ass, dat fir de Site zoustänneg ass. De User kann ausserdeem seng Reklamatioun beim Delegéierte fir den Dateschutz iwwer déi follgend Mailadress eraschécken: info@govtechlab.lu. Doriwwer eraus kann de User och, fir all Sträitfall an deem Beräich, eng Reklamatioun bei der Nationaler Kommissioun fir den Dateschutz areechen (Commission nationale pour la protection des données, 15, Boulevard du Jazz | L-4370 Belvaux).

Kontaktformulaire vum Site

D’Informatiounen, déi Iech betreffen, an déi iwwer de Kontaktformulaire vum Site gesammelt ginn, gi vum betreffenden Organ verschafft, fir datt Är Demande kann ofgewéckelt ginn.

Andeem Dir de Formulaire ausfëllt, akzeptéiert Dir, datt Är perséinlech Donnéeën am Kader vun Ärer Demande verschafft ginn. Dës Informatioune ginn esou laang vun der Administratioun gespäichert, bis d’Demarchë ronderëm Är Demande ofgeschloss sinn.

Well et vun der Demande ofhänkt, wéi laang déi matgedeelten Donnéeë konservéiert ginn, deelt d’Organ, op Ufro a vu Fall zu Fall, dës Dauer oder d’Krittären, fir d’Dauer festzeleeën, mat.

Zougrëff op Är Donnéeën huet d’Organ, dat fir den Traitement vun Ärer Demande zoustänneg ass. Wann Dir wëllt wëssen, u wien d’Donnéeë vun dësem Formulaire weidergeleet ginn, da went Iech wgl. un d’Organ, dat sech mat Ärer Demande befaasst.

Esou wéi et am Reglement (EU) 2016/679 iwwer de Schutz vu physesche Persounen am Kontext vun der Veraarbechtung vu perséinlechen Donnéeën an der fräier Zirkulatioun vun dësen Donnéeë steet, hutt Dir d’Recht, Är gespäichert Donnéeë kucken ze goen, se ze verbesseren oder a bestëmmte Fäll och läschen ze loossen. Ausserdeem hutt Dir d’Recht, Är Awëllegung zu all Moment ze widderruffen.

Mat engem begrënnte Motiv a virausgesat, datt d’Verschaffe vun Ären Donnéeë keen obligatoresche Charakter huet, kënnt Dir donieft och Widdersproch aleeën.

Wann Dir vun dëse Rechter wëllt Gebrauch maachen an/oder méi wëllt iwwer d’Verschaffe vun Ären Donnéeë gewuer ginn, dann adresséiert Iech wgl. un dat betreffend Organ, deem seng Kontaktdaten Dir um Formulaire fannt. Doriwwer eraus kënnt Dir och eng Reklamatioun bei der Nationaler Kommissioun fir den Dateschutz areechen (Commission nationale pour la protection des données, 15, Boulevard du Jazz | L-4370 Belvaux).

Verschaffe vun Daten a Verbindung mat der Gestioun vun der Newsletter

D’Mailadress, déi de User bei der Umeldung fir d’Newsletter-Abonnement op dësem Site uginn huet, gëtt nëmme fir Verdeelungszwecker vun der Newsletter un e Sous-traitant weiderginn, an dësem Fall d’Firma „Mailjet“ mat Sëtz zu Paräis, a Frankräich, déi deene selwechte gesetzleche Flichten ënnerläit, wat de Schutz vun de perséinlechen Donnéeën ubelaangt. Fir de Mëssbrauch ze begrenzen, muss de User seng Aschreiwung validéieren, andeem en op e Link klickt, deen un d’Mailadress geschéckt gëtt, déi en uginn huet.

De User kann d’Newsletter zu all Moment ofbestellen, entweeder iwwer e Link, deen an all E-Mail steet, oder andeem en dat fir de Site zoustännegt Organ kontaktéiert. Am Fall vu Problemer, déi den Ëmgang mat der Newsletter betreffen, muss de User och dat fir de Site zoustännegt Organ kontaktéieren.  D’Donnéeë vum User ginn net méi laang gespäichert, ewéi e fir d’Newsletter ageschriwwen ass.

De Verantwortleche fir dëst Verschaffen ass d’Organ, dat fir dëse Site zoustänneg ass.

Verschaffe vun Daten a Verbindung mat der Miessung vum Zougrëff op de Site

Gewëssen Donnéeën iwwer d’Material an d’Software vum User, mat deenen een en net kann identifizéieren, gi wärend senger Visite um ëffentleche Site gesammelt. Dës Sammlung huet als eenzegen Zweck, Statistiken iwwer d’Frequentatioun vum Site opzestellen (Browser-Typ, Opléisung, ongeféier Lokalisatioun asw.), fir de User nach besser kënnen ze zerwéieren.

Déi komplett IP-Adress vum User gëtt a kengem Fall konservéiert. Well nëmmen en Deel vu der IP-Adress fir global Statistike konservéiert gëtt, ass et a kengem Fall méiglech, fir de User ze identifizéieren.

Dës Donnéeë ginn an Europa iwwer eng Léisung, déi duerch e Sous-traitant geliwwert gëtt, konservéiert an ënnerbruecht. Et handelt sech an dësem Fall ëm d’Firma Adobe Systems Inc., déi deene selwechte gesetzleche Flichten iwwer de Schutz vun de perséinlechen Donnéeën ënnerläit, an dëst fir de Fall, wou esou Donnéeën an Zukunft sollte gesammelt ginn.

D’Donnéeë ginn net méi laang konservéiert, ewéi et Zäit brauch, fir d’Entwécklung vun der Frequentatioun ze beobachten, wat ofhängeg vun der Entwécklung vun de Browseren, vun de benotzten Opléisungen a vun anere verfügbare statisteschen Donnéeën ass.

De Responsabele fir dëst Verschaffen ass d’Organ, dat fir de Site zoustänneg ass.

Verschaffe vun Donnéeën a Verbindung mat Online-Ëmfroen

Donnéeë vun de Usere ginn, op fräiwëlleger Basis, just fir Ëmfroe fir déi staatlech Administratioune gesammelt. Ausserdeem ginn an engems technesch Donnéeë fir d’Miessung vum Zougrëff op de Site gesammelt.

D’Donnéeë ginn esou laang gehal, wéi d’Ëmfro dauert, plus e puer Wochen, fir d’Resultater statistesch kënnen auszewäerten.

Dës Ëmfroe ginn direkt um Site vun engem Sous-traitant gemaach, an dësem Fall alchemer.eu vun der Firma Alchemer LLC, déi hire Sëtz an den USA huet. D’Donnéeë ginn awer an Europa gehost. Wat de Schutz vun de perséinlechen Donnéeën ubelaangt, ënnerläit och déi genannte Firma deene selwechte gesetzleche Flichten, well d’Ëmfroe fir Useren aus der Europäescher Unioun bestëmmt sinn an och do vun hinnen ausgeféiert ginn.

D’Prozedure fir d’Ëmsetze vun dësen Ëmfroe sinn esou ausgeriicht, datt keng Donnée et erlaabt, de Benotzer als Persoun ze identifizéieren. D’Kombinatioun vun Donnéeë vun techneschen Identifianten (IP-Adress oder Informatiounen iwwer de Browser oder de Computer vum User), an/oder deene vu méi Ëmfroen, mécht et dem Sous-traitant, deen d’Plattform bedreift, net méiglech, een ze identifizéieren.

De Responsabele fir d’Verschaffe vun den Donnéeën an den Empfänger vun den Donnéeën ass d’Organ, dat fir dëse Site zoustänneg ass an d’Ëmfro ugefrot huet.

Präsenz an de sozialen Netzwierker

Moderatiounspolitik

All Benotzer, deen der Gemeinschaft vun dësem Site an de sozialen Netzwierker bäitrëtt, engagéiert sech, fir all Form vun Diskriminatioun op der Säit z’ënnerloossen, sief et opgrond vun der Rass, der Hautfaarf, der Relioun, dem Geschlecht, der sexueller Orientéierung, dem Alter, der nationaler Ofstamung, der Behënnerung, dem Familljestand oder och nach dem beruffleche Status.

Beleidegend, rassistesch, sexistesch oder verletzend Äusserungen hu keng Plaz an de sozialen Netzwierker. Se gi geläscht a gemellt.

Sproochen

An de sozialen Netzwierker kommunizéiert dëse Site haaptsächlech op Franséisch. Jee no Situatioun an Zilgrupp kënnen Informatiounen an deenen 2 aneren Nationalsproochen (Lëtzebuergesch an Däitsch) an op Englesch verbreet ginn.

Am Beräich vum Méigleche gëtt op all Fro/Commentaire an der Sprooch vum Benotzer geäntwert.

Aktualiséiert