Wéi Dir e materiellen Don kënnt maachen

Wann Dir mat engem materiellen Don hëllefe wëllt, kënnt dir dat iwwert déi Organisatioune maachen, déi mir op dëser Säit fir Iech oplëschten.

Wichteg: De Nationale Büro fir Opnam ("Office national de l'accueil", ONA), hëllt selwer keng Don'en direkt un. Eis Partner ënnen këmmeren sech och an eisem Numm dorëms, dass Är Don'en do ukommen, wou se am Néidegsten gebraucht ginn.

Villmools Merci fir Är Ënnerstëtzung!

Centre de Collecte et de Tri: Kleedung, Spillsaachen an aner Spenden

De Centre de Collecte et de Tri ass eng zentral Sammelstell, fir virun allem déi dréngend Kleedungsbedürfnisser vu Leit, déi Asyl ugefrot hunn, vu Flüchtlingen a Migranten, Obdachlosen an all anerer Persoun an Nout ze decken. De Centre gëtt an Zesummenaarbecht vun der Caritas Lëtzebuerg an dem Lëtzebuerger Roude Kräiz geréiert.

Dir kënnt Ären Don direkt beim "Centre de Collecte et de Tri" zu Léiweng oder bei insgesamt 20 Sammelstellen am Land ofginn:

Centre de Collecte et de Tri
18, rue Geespelt
L-3378 Livange
Tel. (+352) 621 811 688
E-mail: info@spendchen.lu
Websäit: www.spendchen.lu

Ëffnungszäiten: méindes bis freides vun 8.00 bis 12.00 a vun 13.00 bis 16.30 Auer

Op www.spendchen.lu fannt dir weider Informatiounen an di genee Adressen an Ëffnungszäite vun allen 20 Sammelstellen am Land:

  • Bartreng
  • Déifferdeng
  • Dikrech
  • Esch-Uelzecht
  • Ettelbréck
  • Gréiwemaacher
  • Iechternach
  • Lëtzebuerg-Stad
  • Mariendall
  • Miersch
  • Réimech
  • Wëltz
  • Réiden
  • Stengefort

Equibutz: Poussetten, Baby-Schuelen, Schlofsäck

Equibutz ass e Projet vun Equiclic asbl, CIGR Syrdall an der Initiativ Liewensufank. Weider Informatioune fannt dir op www.equibutz.lu.

Dir kennt är Poussetten, Baby-Schuelen a Schlofsäck bei dësen 3 Sammelstellen ofginn:

Initiativ Liewensufank
20, rue de Contern
L-5955 Itzig
Tel. (+352) 36 05 97
E-Mail: equibutz@liewensufank.lu
Websäit: www.liewensufank.lu
     
CIGR Syrdall
Zone Industrielle Scheidhof
L-5280 Sandweiler
Tel. (+352) 26 35 04 81
Websäit: www.cigr.lu
     
equiClic a.s.b.l. - Atelier equiVelo
9, rue Ronnheck
L-6118 Junglinster
Tel. (+352) 621 42 37 25
E-Mail: info@equivelo.lu
Websäit: www.equivelo.lu

Digital Inclusion: Computer, Laptopen an Handyen

Digital Inclusion ass eng Asbl mat dem Zil, all Mënsch zu Lëtzebuerg Zougang zur Informatiounstechnologie ze erméiglechen. Gesicht gi virun allem dës Geräter:

  • Smartphone Android (net méi al wéi 2014);
  • Smartphone iPhone 7 oder eng spéider Versioun;
  • Laptop (net méi al wéi 2010).

Wann Dir e Computer, Laptop oder Handy wëllt spenden, kënnt Dir Ären Don ouni Rendez-vous direkt bei Digital Inclusion laanscht bréngen (méindes bis freides vun 10.00 bis 16.00). Fir all Froen, fir en anere Rendez-vous auszemaachen oder fir di weider Sammelstellen am Land ze erfroen, kënnt Dir am beschten eng E-Mail schreiwen:

Digital Inclusion A.s.b.l.
16 rue d'Epernay
L-1490 Luxembourg (bei der Gare centrale)
E-mail: donations@digital-inclusion.lu
Websäit: www.digital-inclusion.lu

EquiVelo: Vëloen

EquiVelo ass e Projet vun der asbl Equiclic, mam Zil, Vëloen ze restauréieren, déi vu Privatleit gesammelt gi sinn, fir se dann (fir symbolesch 1 Euro pro Mount) un d'Demandeure fir internationale Schutz (DPI) a fir Leit déi sozial Hëllef kréien, ze „verlounen“.

Fir méi Informatiounen a fir e Vëlo ze spenden:

EquiVelo
9, rue Ronnheck
L-6118 Junglinster

Öffnungszäiten: Méindes bis Freides vun 9:00 bis 12:00 Auer a vun 13:00 bis 16:00 Auer.

Tel. (+352) 621 423725
E-mail: equivelo@equiclic.lu
Websäit: www.equivelo.lu

Aktualiséiert