Asyl-, Migratiouns- an Integratiounsfong (AMIF)

Den "Asyl-, Migratiouns- an Integratiounsfong" (AMIF) gouf opgesat duerch d'EU-Reegelung Nr. 516/2014 vum Europäesche Parlament a vum Conseil iwwert dGrënnung vum "Asyl-, Migratiouns- an Integratiounsfong" (AMIF), wat d’Decisioun 2008/381/CE vum Conseil ännert an d’Decisiounen Nr. 573/2007/CE vum Europäesche Parlament a vum Conseil an d’Decisioun 2007/435/CE vum Conseil annuléiert.

Dat allgemengt Zil vum Fong ass d'Bedeelegung un enger effikasser Gestioun vun de Migratiounsbeweegungen, souwéi un der Ëmsetzung, der Verstäerkung an der Entwécklung vun enger gemeinsamer Asylpolitik, de subsidiäre Schutz an den temporäre Schutz a vun enger gemeinsamer Immigratiounspolitik, am Respekt vun de Rechter a Grondsätz, déi an der Charta vun de Grondrechter vun der EU verankert sinn.

De Fong participéiert un der Realisatioun vun de folgende spezifeschen a gemeinsamen Ziler:

a) Verstäerkung an Entwécklung vun all den Aspekter vun engem gemeinsamen Asyl, inklusiv d'extern Dimensioun;

b) Ënnerstëtzung vun enger legaler Migratioun a Richtung vun de Memberstaaten, jee no den ekonomeschen a soziale Bedierfnisser, wéi d’Besoine vum Aarbechtsmaart, andeems d’Integritéit vun den Immigratiounssystemer vun de Staatsmemberen preservéiert gëtt, an effektiv Fërderung vun der Integratioun vun de Bierger aus Drëttlänner;

c) Fërderung an de Memberstaate vu fairen an effikasse Strategië fir de Retour, déi hëllefe géint illegal Awanderung ze kämpfen, andeems besonnesch Opmierksamkeet op d’Bestännegkeet vum Retour an op effikass Readmissioun an d'Hierkonfts- oder Transitland geriicht gëtt;

d) Méi Solidaritéit an eng besser Verdeelung vun de Responsabilitéiten tëscht de Memberstaaten, besonnesch vis-à-vis vun de Staaten, déi am meeschte vun de Migratiounsbeweegungen an Asylantë betraff sinn, inklusiv eng praktesch Kooperatioun.

Zu Lëtzebuerg ass de Nationale Büro fir Opnam ("Office national de l’accueil", ONA) déi responsabel Autoritéit fir d'Ëmsetzung vum AMIF. D'Direktioun fir Immigratioun vum Aussen- an Europaministère ass d'beoptraagt Autoritéit.

Aktualiséiert