Nationale Büro fir Opnam ("Office national de l’accueil", ONA)
5, rue Carlo Hemmer
L-1734 Luxembourg-Kirchberg
Tel. : (+352) 247-85700
Fax : (+352) 247-85720
Ëffnungszäiten
Am Kader vun de Moossnamen, déi d'Regierung getraff huet, fir d'Verbreedung vum Coronavirus "COVID-19" ze limitéieren, huet den ONA seng Guichets-Permanencen opgehuewen an d'Zäite vun den Telefons-Permanencen ugepasst.
Zënter dem 19. Mäerz 2020 kënnen nëmme Persounen, déi virdrun e Rendezvous ugefrot hunn, de Büro vum ONA opsichen.
E Rendezvous ufroen
D'Guichete si méindes bis freides vun 10.00 bis 12.00 Auer a vu 14.00 bis 16.00 Auer op fir Persounen, déi virdrun e perséinleche Rendezvous arrangéiert hunn.
Dës Rendezvouse si fir sozial Noutfäll reservéiert.
Fir e Rendezvous auszemaachen, rufft w.e.g. méindes bis freides vun 8.00 bis 10.00 oder vu 15.00 bis 17.00 Auer un:
Tel. 247 - 75771
Tel. 247 - 75754
Oder schreift eis eng E-Mail: permanence-as@ona.etat.lu
Telefons-Permanencen
Den ONA bitt Telefons-Permanencen a verschiddene Sproochen un:
| Franséisch | Tel. 247 - 85758 | Méindes bis freides vun 08.00 bis 09.00 Auer |
| Englesch | Tel. 247 - 85758 | Méindes bis freides vun 08.00 bis 09.00 Auer |
| Däitsch | Tel. 247 - 85758 | Méindes bis freides vun 08.00 bis 09.00 Auer |
| Serbokroatesch | Tel. 247 - 85758 | Méindes a freides vun 08.00 bis 09.00 Auer |
| Albanesch | Tel. 247 - 85758 | Méindes a freides vun 08.00 bis 09.00 Auer |
| Spuenesch | Tel. 247 - 85703 | Dënschdes vun 08.00 bis 09.00 Auer |
| Arabesch / العربية | Tel. 247 - 85703 | Méindes a freides vun 08.00 bis 09.00 Auer |
| Farsi / فارسی | Tel. 247 - 85703 | Mëttwochs vun 08.00 bis 09.00 Auer |
| Tigrinya / ትግርኛ | Tel. 247 - 85703 | Donneschdes vun 14.15 bis 15.15 Auer |