Aktualiséiert den
Gemengen
D'Gemenge si wichteg Partner fir de Staat a spillen eng wesentlech Roll bei der Opnam vun DPIen (Demandeure fir internationale Schutz), BPIen (Beneficiairë vun internationalem Schutz) a BPten (Beneficiairë vum temporairen Schutz) an der Gesellschaft. An engem Gedanke vu Solidaritéit a gedeelter Responsabilitéit setze sech vill Gemengen aktiv fir d'Opnam vu Flüchtlingen an, andeems se Wunnengen zur Verfügung stellen.
Dat ganz Réseau vum Nationale Büro fir Opnam (ONA) ëmfaasst 73 Ënnerkonftsstrukturë, verdeelt op 34 Gemengen (Stand: Oktober 2025).
Kontakt fir Gemengeverwaltungen
Wann Dir als Gemeng Terrainen oder Gebaier fir Ënnerkonftsstrukturë fir DPIen ubidde kënnt oder wann Dir aner Informatioune braucht, kontaktéiert w.e.g. de Nationale Büro fir Opnam (ONA) per E-Mail (communes@ona.etat.lu).