Legislatioun

Op dëser Säit fannt Dir en Iwwerbléck vun de groussherzogleche Gesetzer a Reegelungen an den internationale Gesetzestexter iwwert d’Opnam vun den DPIen (Demandeure fir internationale Schutz).

Fir op déi lëtzebuergesch Gesetzestexter zouzegräifen, gitt Dir op Legilux, de juristesche Portal vun der Regierung vum Groussherzogtum Lëtzebuerg, verwisen. Dëse Portal enthält déi komplett Lëtzebuerger Legislatioun.

National Gesetzestexter

  • Gesetz vum 4. Dezember 2019
    iwwert d’Grënnung vum Nationale Büro fir Opnam (ONA) an di folgend Ännerungen:
    1° d'geännert Gesetz vum 21. September 2006 iwwert de Wunnengsbail mat e puer Ännerungen un de Bestëmmunge vum Code civil;
    2° d'geännert Gesetz vum 16. Dezember 2008 iwwert d'Integratioun vun den Auslänner am Groussherzogtum Lëtzebuerg;
    3° d'geännert Gesetz vum 18. Dezember 2015 iwwert d'Opnam vun den Demandeure fir internationale Schutz a fir temporäre Schutz
  • Geännert Gesetz vum 18. Dezember 2015
    iwwert d'Opnam vun den Demandeure fir internationale Schutz a fir temporäre Schutz, mat Ännerungen um geännerte Gesetz vum 10. August 1991 iwwert de Beruff vum Affekot

International / europäesch Gesetzestexter

Asyl-, Migratiouns- an Integratiounsfong (AMIF)