Charta vun de Cookien

Mir weisen Iech, an aller Transparenz, wéi a firwat mir Cookien op dësem Site benotzen.

Dëse Site ka Clientscookië benotzen, kleng Textfichieren, déi et erlaben, Informatiounen zum Benotzer sengem Surfen um Site ze analyséieren (Heefegkeet vun de Visitten, Dauer vun de Visitten, ofgeruffe Säiten, sproochlech Virléiften, etc.). Si gi vun dësem Site an engem Repertoire ofgeluecht, deen et fir deen Zweck um Benotzer sengem Computer gëtt. Dran opgelëscht si virun allem den Numm vum Server, en Identifiant a Form vun enger eemoleger Nummer an en Oflafdatum. Den eemolegen Identifiant erlaabt dësem Site et, de Computer vum Benotzer bei all Visitt erëmzëerkennen.

De Benotzer ka selwer decidéieren, ob en dem Server vun dësem Site d'Erlaabnes gëtt, fir Cookien op sengem Computer ze späicheren oder net. Hien huet zu all Moment d'Wiel, fir d'Optiounen a sengem Browser esou anzestellen, datt d'Cookië weder akzeptéiert nach gespäichert ginn. Ausserdeem kann en zu all Moment, iwwer de Browser, Cookië läschen, déi scho gespäichert sinn.

D'Benotze vu verschiddene Funktionalitéite vun dësem Site kann ageschränkt oder desaktivéiert ginn, wann de Benotzer d'Cookië vum Site refuséiert. Dem Benotzer gëtt geroden, säi Browser esou anzestellen, datt d'Cookië vum Site akzeptéiert ginn.

1. Wat ass e Cookie a woufir ass e gutt?

E Cookie ass e klengen Textfichier, deen um Harddisk vun Ärem Computer (PC, Laptop oder Smartphone, zum Beispill) gespäichert ass an/oder vun Ärem Browser gelies gëtt an iwwer d'Internetsitten, déi Dir oprufft, ofgeluecht gëtt. Quasi all Sitte benotze Cookien, fir gutt ze funktionéieren a fir hir Ergonomie an hir Funktionalitéiten ze optimiséieren.

2. Eis Cookien

Mir benotze Cookien am Kader vun der statistescher Analys vun der Heefegkeet vun de Visitten um Site. De Cookie gëtt vun Adobe analytics ofgeluecht. Adobe Analytics ass en Drëttprodukt, dat an Europa ënnerbruecht ass, an, wat den Dateschutz ubelaangt, der europäescher Gesetzgebung entsprécht.

Et erlaabt eis, d'Zuel vun de Visiteuren um Site ze zielen an Informatiounen ze sammelen, wéi eise Site benotzt gëtt (Bsp: déi am meeschte besicht Säiten, Dauer vun der Visitt, asw.).

Dëst erlaabt eis, eise Site ze verbesseren, fir Iech e besseren Zougang zur Informatioun ze garantéieren.

Et sief bemierkt, datt mir keng Publicitéitscookië benotzen.

3. Wéi desaktivéiert ee Cookien?

Dir kënnt d'Cookien zu all Moment desaktivéieren.

Am Fall, wou Dir d'Cookien, déi op Ärem Computer gespäichert sinn, wëllt läschen an Äre Browser esou wëllt ëmstellen, datt en se refuséiert, kënnt Dir dat iwwer d'Optioun "Preferences" vun Ärem Internetbrowser maachen.

Dës Browseroptiounen, déi sech op d'Cookië bezéien, fannt Dir gewéinlech an de Menüen "Options", "Tools" oder "Preferences"  vum Browser, deen Dir benotzt, fir op dëse Site ze kommen.

Allerdéngs bidden déi verschidde Browseren, déi et gëtt, nach aner Méiglechkeeten, déi kënne genotzt ginn, fir d'Cookien ze desaktivéieren.

Fir méi gewuer ze ginn, kënnt Dir op d'Linke goen, déi hei drënner opgelëscht sinn:

Et sief bemierkt, datt Dir ëmmer nach op dësem Site kënnt surfen, och wann Dir iwwer Ären Internetbrowser d'Späichere vu Cookien op Ärem Computer refuséiert.

Dir kënnt eis fir all Fro iwwer d'Charta vun de Cookië kontaktéieren, andeems Dir den online Formulaire benotzt.

Aktualiséiert